Europa Aktuell
"Zemmour contre l'histoire"
5 min
A Frankräich reagéieren Historiker op d'Aussoe vum Éric Zemmour. De riets-extreme Kandidat bei de Presidentiellen insistéiert a senge Riede vill op déi franséisch Vergaangenheet. Haut verëffentlecht d'Editiouns-Haus Gallimard en Heft mam Titel: "Zemmour contre l'histoire", an deem ee Kollektiv vu 16 renomméierten Historiker an Historikerinnen dem fréiere Journalist Zemmour reprochéieren, express de wëssenschaftleche Konsens ze verzerren.
Eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn huet mat engem vun den Auteure geschwat.