Klassik aktuell
Das Wort im Ton
6 min
Den Nicolas Welter war en Auteur, Professer, Minister an och e Mierscher. Do steet en Nicolas-Welter-Monument, et gëtt en Nicolas-Welter-Gebai an och eng Nic-Welter-Strooss. E Samschdeg um aacht Auer gëtt dem Nicolaus Welter am Mierscher Kulturhaus och en Owend dediéiert. Um Programm steet e kommentéierte Concert mat Lieder op Basis vu sengen Texter, déi am Kader vum Auteur sengem 150. Gebuertsdag presentéiert ginn.
D'Mezzosopranistin Katrin Heles gëtt begleet vum Jobst Schneiderat um Piano, wärend d'Musekswëssenschaftlerin Danielle Roster duerch den Owend féiert. Am Gespréich mam Luc Boentges gëtt d'Danielle Roster en Abléck an de Programm.