Europa Aktuell
Portugal: Protest géint Exploitatioun vu Lithium
4 min
Am Portugal gëtt et méiglecherweis gréisser Reservë vu Lithium. Deen Äerz gëtt ëmmer méi wichteg, well en essentiell ass, fir Batterien fir elektresch Autoen hierzestellen. Den Ament ass Europa zimmlech ofhängeg vu Länner, wéi China, déi de Marché dominéieren.
Bréissel encouragéiert dowéinst d'Exploitatioun vu Lithium. Déi portugisesch Autoritéite sinn och dofir, ganz am Géigendeel vun de betraffene Gemengen, wou et ëmmer nees zu Protester kënnt. Virun allem, nodeems en Appell d'offre fir sechs méiglech Exploitatioune lancéiert gouf.
Eis Korrespondentin Marie-Line Darcy iwwer déi neisten Entwécklung.