Al Schanken
Al Schanken
60 min
De Gil Scott-Heron (1947-2011) war en amerikanesche Kënschtler, deen haaptsächlech duerch seng Musek bekannt gouf, an där Soul, Funk, Jazz a Spoken word zesummekommen. Och als Poet an als Aktivist hat hien Afloss, speziell an der schwaarzer Communautéit. A sengem populäersten Hit "The Revolution Will Not Be Televised" kritiséiert hien 1970 déi vu Wäissen dominéiert Konsum-Gesellschaft a rifft seng Landsleit op, sech net passiv virun der Tëlee aschléiferen ze loossen, mee sech aktiv géint Rassismus a fir e méi gerecht a bessert Liewen anzesetzen.
Säi Lidd "The Gun" koum 1981 um Album "Reflections" eraus a setzt sech grad esou kritesch mat der labberer Politik vu massivem Waffebesëtz - a Gebrauch - an den USA auserneen. En Theema, dat bis haut aktuell bliwwen ass.
D'Playlist:
Maceo Parker - Rock Steady (Soul Food - Cookin' With Maceo, 2020)
Graham Central Station - It Ain't No Fun To Me (single, 1974)
Gil Scott-Heron - Gun (Reflections, 1981)
Ro Ro - Feel It Comin' (Meet At The Water, 1972)
The Marmelade - I See The Rain (There's A Lot Of It About, 1968)
Wooden Shjips - Already Gone (V, 2018)
Alpha Blondy - Cocody Rock (Live Au Zénith, 1993)
Alpha Blondy - Multipartisme (Live Au Zénith, 1993)
Graham Central Station - The Jam (Ain't No 'Bout-A-Doubt It, 1975)
Gil Scott-Heron - Inner City Blues (Reflections, 1981)
T.Rex - Cosmic Dancer (Electric Warrior, 1971)
America - A Horse With No Name (single, 1971)