Klassik aktuell
En neien Orchester fir d'Groussregioun
7 min
D'Groussregioun kritt en neie Profi-Ensembel: De Kammerorchester der Großregion, kuerz KOG, spillt e Freideg, de 25. Februar säin alleréischte Concert mat Wierker vun Anton Webern, Wolfgang Amadeus Mozart a Pjotr Iljitsch Tschaikowski. Den Ensembel versteet sech als paneuropäesche sinfonesche Kammerorchester, dee jonk Profimuseker:innen aus der europäescher Groussregioun zesummebréngt. Wéi koum et, datt grad an Zäite vun der Pandemie dësen neien Orchester entstanen ass? Wat sinn d'Ziler an d'Wäerter vum KOG?
Ënner anerem doriwwer huet de Luc Boentges mam Dirigent Stefan Bone geschwat.