Kannerkëscht
Wat ass e Panzerfësch?
6 min
Salut Kanner an häerzlech wëllkomm. Hutt dir haut vläicht schonn emol op der Kalenner gekuckt, haut ass den 22.02.2022, an dir héiert et jo selwer, en Datum, an deem ganz vill Zweetercher dra sinn, en Datum, bei deem een och gäre vun enger Schnapszuel schwätzt. Haut ass en Datum, Kanner, wou vill Mënschen sech erausgesicht hunn, fir sech ze bestueden, well et en Datum ass, deen ee wuel ni méi wäert vergiessen.
Anescht kann ee beim Datum vun haut awer och vun engem Kalenner-Palindrom schwätzen, dat heescht, et kann een dësen Datum den 22.02.2022 vun hannen a vu vir liesen, en ass ëmmer d'selwecht.
Et ass e bëssen wéi den Numm Anna, wat och e Palindrom ass, well vu vir oder vun hanne gelies Anna ëmmer d'selwecht ass. Am aktuelle Joerhonnert ginn et 29 Deeg, wou esou Kalenner-Palindrom sinn,. Deen nächste Dag, wou esou e Palindrom ass, dat dauert nach e bëssen, dat ass den 03.02.2030.
Sou Kanner, an elo wiessele mir eriwwer zu engem aneren Theema. Sot emol éierlech, denkt dir net och heiansdo zemools elo am Wanter un är lescht Vakanz um Mier zeréck, wou et esou gutt waarm war. Mee et brauch ee guer net esou wäit ze goen, fir nees e richtegt Plage-Gefill ze kréien, dat weist den natur musée jo den Ament a senger Ausstellung "Lost Oceans". An de Patrick Michaely aus dem natur musée wäert iech elo méi doriwwer erzielen.