Klassik aktuell
Ensemble de la Chapelle St. Marc
8 min
Tëschent 2002 an 2021 war de Jean Halsdorf den Directeur Artistique vum Ensemble de la Chapelle St. Marc, eng Formatioun, déi sech am Beräich vun der Aler Musek beweegt. Wärend hien ëmmer nach Cellist am Ensembel ass, huet hie seng Positioun als Directeur Artistique 2022 un den Cembalist Vincent Bernhard weiderginn. E Sonndeg, de 27. Februar proposéiert d'Formatioun e Concert zu Eppelduerf mat Wierker vum Antonio Vivaldi, senge Frënn an och senge Feinden.
De Luc Boentges huet dës Geleeënheet genotzt fir mam Jean Halsdorf a mam Vincent Bernhard iwwer de Programm vum Concert an och d'Grënn hanner dem Wiessel vum Directeur Artistique ze schwätzen.