Klassik aktuell
Four Seasons Reloaded
10 min
Dem Antonio Vivaldi seng "Véier Joreszäiten" sinn eng vun deenen am meeschte gespillte Partiture vun der klassescher Musek. Dem Venezianer seng Betruechtunge vu Wanter, Fréijoer, Summer an Hierscht huet och den Astor Piazzolla an de Max Richter zu änleche Kompositiounen inspiréiert. Den Astor Piazzolla huet dat mat argentineschem Flair gemaach, de Max Richter huet 2012 eng Vivaldi-Rekompositioun erausbruecht. Béid Wierker proposéiert den Orchestre de Chambre du Luxembourg e Sonndeg (27.2.2022) am Artikuss zu Zolwer.