Kannerkëscht
Wanderweeër zu Lëtzebuerg
9 min
Haut (24.2.) ass e speziellen Donneschdeg, dee mer Fetten Donneschdeg nennen, mat deem d'Haaptzäit vun der Fuesent agelaut gëtt. Hei am Land gouf viru ville Joren op fetten Donneschdeg e fetten Ochs duerch d'Duerf geféiert, dee mat Flätschen, Bänner a Blumme gerëscht war, a wou eng Hellewull Kanner an Erwuessener hannendru gelaf sinn. Et war och laang Traditioun, datt op Fetten Donneschdeg d'Fuesentseeër opgehuewe goufen. De Schoulmeeschter ass mat de Kanner, dem Koschter an d'Massendénger vun Haus zu Haus heesche gaangen, an hunn alles, wat si kruten dem Paschtouer fir d'Kierch iwwerreecht. An et ginn nach sécher ganz vill aner Traditiounen, déi mir awer net all hei kënnen opzielen.
Elo ass et um Jean Claude Majerus an um Claude Karger vum Script iech nees mat trëppelen ze huelen. Et geet nämlech ëm Wanderweeër, iwwer déi dir um Site http://kannerzäit.lukannerzäit.lu méi Detailer kritt.