Kannerkëscht
Wéi beweegt ee schwéier Saachen?
8 min
Bonjour Kanner am Kannereck,
éier mer bei d'Experiment kommen, wëll ech iech nach dëst erzielen, Muer ass de 27. Februar, den internationalen Dag vun den Äisbieren, op englesch heescht en International Polar Bear Day, en Dag wou un déi Déieren geduecht gëtt, well se amgaang sinn duerch de Klimawandel hire Liewensraum ze verléieren a riskéieren auszestierwen.
Den Äisbier lieft an der Arktis an en ass dee gréisste Karnivor, deen um Land lieft. D'Äisbiere friessen am léifste Robben, well deenen hiert fettegt Fleesch den Äisbieren déi néideg Energie gëtt am éiwegen Äis ze iwwerliewen.
A wosst dir dann och schonn, datt den Äisbier net nëmmen en Déier ass, deen eleng lieft, mee och Lénkshänner ass. An datt kleng Äisbiere bei der Gebuert d'Gréisst vun enger Rat hunn a scho mat engem Joer esou grouss wéi en Erwuessene sinn.
Dat gesot komme mir bei de Jean Claude an d'Michèle vu Sceince.lu. Am Experiemnt vun deene zwee geet et ëm schwéiert Hiewen. Hei ass dann och de Link fir d'Experiment bei science.lu nozekucken.