Kannerkëscht
Firwat ass dee Krich an der Ukrain?
7 min
Fir Erwuessener, mee besonnesch och fir Kanner sinn déi Nouvellen an och déi Biller, déi mer zanter der leschter Woch erliewen, ganz schrecklech. Biller vu Krich an Zerstéierung, déi aus der Ukrain kommen, a wou ee ganz vill Leed gesäit, vill Mënschen, ganz vill Kanner déi fortlafen a probéieren, an de Länner vun der Europäescher Unioun Sécherheet ze fannen. Am Kannereck schwätzt de Jean Claude Majerus mam Chef vun der Noriichtenredaktioun hei um Radio, de Jean Claude Franck, a si probéiere iech ze erklären, ëm wat et an dësem Krich iwwerhaapt geet.