arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Mäi Liewen ass voll mat Musek vum Sibelius"
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
E gläicht dem Johannes Brahms, säi musikalescht Häerz schléit awer virun allem fir säi Landsmann Jean Sibelius, dee vu Kandsbeen u säi grousst Virbild ass. Als Komponist iwwertrompt de Leif Segerstam reng quantitativ säi Virbild an och e Meeschter wéi de Joseph Haydn, deen ëmmerhin 102 Symphonien opweise kann. De Leif Segerstam, deen den 2. Mäerz 1944 zu Vaasa op d'Welt koum, steet am Ablack bei 349 Symphonien.