arrow_back_ios
Klassik aktuell
Kohlmarkt 11
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
De Kohlmarkt ass eng Akafsstrooss zu Wien mat enger laange historescher Traditioun. De bekannten Zockerbäcker Demel hat do säi Geschäft, awer och eng Partie Bicherbutteker a Verlagshaiser. Den Orchestre de Chambre du Luxembourg hëlt säi Public mat op eng musikalesch Promenade duerch de Kohlmarkt - e Samschdeg um 20.00 Auer am Trifolion an e Sonndeg um 17.00 Auer an der Philharmonie.