Kannerkëscht
Dobaussen ass et dach am schéinsten!
7 min
Lues awer sécher fänkt d'Wieder un dobaussen nees besser ze ginn. Et ass méi laang hell, d'Sonn weist sech nees méi dacks, an och an de Bëscher huet een Gefill, datt Natur nees ufänkt sech fir d'Fréijoer nei ze kleeden. A wann et besser gëtt, dreift et d'Mënschen natierlech och an d'Natur eraus, an d'Kanner fänken och u méi wibbeleg ze ginn, fir nees kënnen, wéi dat alt emol gesot gëtt, "eraus spillen ze goen". De Claude Karger vum Script ass beim Jean Claude Majerus am Studio, a si schwätzen iwwer flott Méiglechkeeten, wat een alles dobaussen an der Natur ka maachen.
Méi Detailer dozou fannt dir och um Internet-Site kannerzait.lu.