D'UNO seet, datt elo schonn iwwer 1.5 Millioun Leit d'Ukrain verlooss hunn. Si flüchten an d'Nopeschlänner, an haaptsächlech a Polen. Russesch Ugrëff op ukrainesch Stied wéi Kharkiv a Mariupol gi weider. A Wafferoue ginn net vu Russland agehalen. Et ass keen Enn vun der russescher Invasioun a Siicht an d'Flüchtlingskris gëtt al Dag méi schlëmm.
Eise Korrespondent Philip Crowther ass an der Ukrain an erzielt eis, wéi hien iwwer d'Grenz gereest ass.