arrow_back_ios
Klassik aktuell
Bréckebauer
Hien hat 14 Joer beim Doud vum Johann Sebastian Bach a stierft dat selwecht Joer wéi säi laangjärege Frënd, de Joseph Haydn. De Johann Georg Albrechtsberger ass haut méiglecherweis éischter als Musekstheoretiker a Léiermeeschter vu ville bedeitende Komponiste bekannt, wéi selwer als Komponist. Grad als Komponist huet hien duerch säi laangt Wierken d'Bréck tëschent dem 18. an dem 19. Joerhonnert geschloen.