Kannerkëscht
Esch 2022: Kultur fir déi Jonk!
8 min
Haut schwätze mer am Kannereck hei um radio 100,7 iwwer Kultur. Der hutt jo vläicht schonn héieren datt d'Stad Esch den Ament europäesch Kulturhaaptstad ass, vläicht hutt der emol schonn Panneauen gesinn wou Esch 2022 drop steet. An zwar gëtt zu Esch an nach weidere Gemengen am Süde vun eisem Land, ma awer och iwwert d'Grenzen eraus Kulturjoer gefeiert. An déi Kultur ass awer net nëmmen fir déi Erwuessen mä och fir de jonke Publique. Beim Jean Claude Majerus am Studio ass d'Nathalie Bender vum Script, an si zwee presentéieren elo e Carnet culturel fir déi Jonk dee speziell fir Esch 2022 ausgeschafft gouf.