Klassik aktuell
Den OPL spillt fir d'Mënschen an der Ukraine
8 min
Deutsche Radiophilharmonie Saarbrécken-Kaiserslautern ënnerstëtzt d'Hëllef fir d'Mënschen an der Ukraine. Déi dräi Orchestere vu München hu gemeinsam mat der Geiistin Anne-Sophie Mutter e Benefizconcert fir d'Ukraine gespillt. Et sinn nëmmen zwee vu ville Beispiller, wéi d'Musekszeen hir Solidaritéit mat de Mënschen an der Ukraine manifestéiert. Haut den Owend ass et de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, deen op ee Benefizconcert invitéiert - e Concert ënnert der Direktioun vum Lionel Bringuier. Solist um Piano ass de Bruce Liu.