Kannerkëscht
E Bräi deen an engems fest a flësseg ass!
7 min
Salut Kanner. De Ament gëtt jo ganz vill iwwert de Krich an der Ukrain geschwat. An do geet jo dann och méi wéi eng Kéier vun der NATO riets. Wësst der dann wat oder wien d'Nato ass? Ma ech probéieren iech dat an e puer Wierder ze soen.
D'NATO ass eng Ofkierzung fir, wéi dat op englesch heescht, "North Atlantic Treaty Organization", dat heescht et ass d'Organisatioun vum Nordatlantikpakt. An e Pakt ass am Fong eng Zort Kontrakt.
D'NATO gëtt et zanter 1949, dat war also kuerz nom zweete Weltkrich, deen jo zanter 1945 eriwwer war. Mä et gouf awer dofir nach, wéi se dat genannt e "kale Krich". Dat war elo kee richtegen Krich wou se openee geschoss hunn, mä et war eng Zort Sträit tëscht den demokratesche Länner an Europa an an Nordamerika an der Sowjetunioun, am Fong dat wat haut Russland genannt gëtt. Et ass dorëms gaangen wien déi meeschte Waffen huet, dat heescht wann d'Sowjetunioun eng grouss Bomm gebaut huet, dann huet d'NATO nach méi eng grouss gebaut.
A schonn deemools hate vill Mënschen Angscht , datt doduerch nees en Krich géif entstoen. Mä bis haut ass dat awer net esou komm.Um Ufank hunn 12 Länner den NATO-Kontrakt ënnerschriwwen, dat waren deemools d'Belsch, Dänemark, Frankräich, Island, Italien, Holland, Norwegen Portugal, Groussbritannien, d'USA, Kanada a Lëtzebuerg.
Haut gehéieren am ganzen 30 Länner zu der NATO. Mä Russland fënnt d'NATO awer net gutt, a wëllen net datt d'Ukrain soll Member vun der NATO an dat ass ënnert anerem e Grond firwat den Ament deen Krich ass.
Sou Kanner elo wësst der e bëssen wourëms et geet wann an de Nouvellen vun der NATO geschwat gëtt.
Elo awer eriwwer bei eis Experiment vun haut, de Jean Claude Majerus an de Joseph Rodesch vum Science.lu si prett fir duer ze fueren, an haut schwätzen si zwee iwwert e Bräi deen quasi a n engems ka flësseg a fest sinn, kléngt komesch. Mä da loosse mer eis iwwerraschen.
An hei ass de Link fir dat Experiment och ze kucken: https://www.science.lu/fr/experimenter-mat-maisstaerkt/fest-flesseg-glaichzaiteg