Klassik aktuell
Pionéier vun der musikalescher Parodie
5 min
Igudesman & Joo, Salut Salon, de Pianist Hans Liberg: Eng ganz Partie Kënschtler bréngen et fäerdeg, déi als eescht, vu Puriste scho bal als helleg consideréiert klassesch Musek net esou ganz eescht ze huelen. Si maachen dat mat vill Witz a virun allem vill Kënnen, well si exzellent Museker sinn. Si knëppen un dat un, wat de britteschen Zeechner, Museker a Satiriker Gerard Hoffnung an de 50er Jore mat enormem Succès gemaach huet: déi klassesch Musek mat Goût a vill Spaass vun hirem Podest erofhuelen. De Gerard Hoffnung koum den 22. Mäerz 1925 zu Berlin op d'Welt.