Al Schanken
Special Keith Richards "Main Offender"
60 min
D'Rolling Stones ginn op Tournee an hire Gittarist wullt a senger perséinlecher Archivkëscht: fir säin zweete Soloalbum "Main Offender" (no "Talk is Cheap" aus dem Joer 1988) gëtt et eng 30th anniversary-Editioun a verschiddene Varianten, ë. a. mam Bonus-CD "Live in London". Et sinn dat Opname vum Richards mat senger Band The X-Pensive Winos vun der 1992er Promotion-Tour.
Fir de Re-Issue vum Album huet de Keith Richards dem amerikanesche Musekmagazin Rolling Stone en Interview ginn, aus deem mir Extraiten an dëser Stonn proposéieren. Musikalesch begleet vu sechs Albumtracks an zwee Live-Stécker vum Bonusalbum, am Original Jagger/Richards Kompositiounen aus dem Rolling Stones-Repertoire.
Op der Playlist stinn: "Wicked As It Seems", "999", "Eileen", "Yap Yap", "Words of Wonder", "Will But You Won't" an als live Tracks "Gimme Shelter" an "Happy".