Kannerkëscht
Wéi vill Reewierm liewen am Buedem?
6 min
Salut Kanner. Fir un ze fänken wëll ech iech drun erënneren dat an der nächster Nuecht d'Auer nees geréckelt gëtt, dat heescht um zwou Auer ass et dräi Auer, a mer hu nees d'Summerzäit. Vläicht kënnt der dann moar de Moien och är Elteren drun erënneren.
Summerzäit nennt een d'Zäit tëscht Enn Mäerz an Enn Oktober. An Europa, also an eiser Géigenden, kenne mer d'Summerzäit zanter 50 Joer schonn, an bal all europäesch Länner maachen och mat. Am Fong wollt ee mat der Summerzäit Energie spueren, d'Iwwerleeung war datt manner Stroum fir Geliits gebraucht gëtt, wann et Owes méi laang hell dobaussen ass.
An Tëschenzäit weess een awer datt bal guer keng Energie gespuert gëtt. Vläicht, soen verschidden Experten, ass et esou guer de Konträr, datt d'Mënschen esou guer méi Stroum brauchen, well et zum Beispill Moies méi laang däischter an och méi kal ass, an dofir och méi gehëtzt gëtt.
D'Europaparlament hat schonn emol decidéiert datt déi Zäitëmstellung soll ofgeschaaft ginn, dat sollt schonn 2021 sinn. Mä dat ass awer näischt draus ginn. Wéini dat soll awer geschéien, majo mol kucken.
Also an der nächster Nuecht ginn awer all d'Aueren nach emol eng Stonn no fir geréckelt, vun 2 op 3 Auer, dann hu mer Summerzäit.
An de leschte Sonndeg am Oktober dëst Joer gëtt d'Auer nees eng Stonn zeréck gestallt, dann hu mer bis Mäerz 2023 Wanterzäit.
An elo bei eis Experiment vun haut. De Jean Claude Majerus an de Joseph Rodesch hunn haut iergend wéi eppes mat Reewierm am Schnap an se brauchen dofir och Moschter. Komm mer lauschteren hinnen zwee emol no.
An hei ass nach de Link fir d'Experiment op science.lu ze kucken: https://science.lu/de/mythos-oder-wourecht/weivill-reewierm-liewen-ennert-enger-wiss