Fir datt d'Mënschen, déi virum Krich an der Ukrain flüchten en Iwwerdaach fannen a genuch ze iessen hunn, sinn a ganz Europa vill Benevoller am Asaz.
Ee vun hinnen ass de Mathieu Hansen. Hien ass eigentlech Student fir International Bezéiungen an Nohalteg Entwécklung zu Wien. Déi lescht Wochen huet de Lëtzebuerger awer fir d'ONG warhelp.eu gehollef Flüchtlingen vun der ukrainescher Grenz op Wien ze bréngen.
Wisou hien dat mécht, a wat hien dobäi erlieft huet, huet hien dem Pit Beffort erzielt.