arrow_back_ios
Klassik aktuell
Den Ufank vun enger Intégrale
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
No de Komponisten Ludwig van Beethoven a Wolfgang Amadeus Mozart steet beim Jean Muller elo de Franz Schubert am Mëttelpunkt vu sengem artistesche Liewen. Iwwer déi nächst Joren interpretéiert hie sämtlech Sonate vum Wiener Komponist um Klenge Maarnicher Festival, ugefaange mat engem Concert e Sonndeg, 3. Abrëll zu Maarnech am Cube.
De Luc Boentges huet sech mam Pianist getraff a mat him iwwer de Schubert, d'Approche zu enger Integrale an och d'Bedeitung vum Leiden am Komponsit sengem Wierk geschwat.