Kannerkëscht
Firwat fierwen d'Vigel hir Eeër?
Ouschteren ass fir d'Chrëschten uechtert d'Welt sécher eent vun de grousse Fester, wann net esou dat gréisst vum Joer. Op Ouschteren feieren d'Chrëschten d'Operstéiung vu Christus. Fir d'Schoulkanner heescht Ouschteren awer meeschtens eppes anescht: Et ass Vakanz, an déi fänkt jo elo e Samschdeg un. A ronderëm Ouschtere ginn et och eng ganz Partie Traditiounen déi virun allem bei de Kanner ganz beléift sinn, besonnesch Klibberen goen an eben och Ouschtereeër fierwen an och Ouschtereeër verstoppen an se siche goen si ganz beléift. An dann hu mer d'Kéier och scho kritt a mer sinn an der Natur bei den Déieren. Vläicht ass et iech schonn opgefall datt datt d'Eeër vun den Déieren dacks wéi faarweg ausgesinn, ass dat elo Zoufall oder stécht do méi hannendrun. D'Monique Kirsch aus dem Naturmusée huet sech domat beschäftegt an sech speziell op eis Vigel konzentréiert a sicht d'Äntwert: op d'Fro: "Firwat fierwen d'Vigel hir Eeër?"
E Besuch am Naturmusée lount sech ganz sécher well do fënnt een e groussen Tirang mat enger grouss Vilfalt un Eeër an alle Faarwen a Gréissten. An de Naturmusée am Stadgronn proposéiert elo an der Ouschtervakanz och e ganze Koup Vakanzenatelieren ouni Umeldung, méi Informatiounen fënnt um Internet Site vum Naturmusée http://www.mnhn.lu