Europa Aktuell
/ EU-Parlament: Allianz fir ee komplette Stopp vun Energie aus Russland
EU-Parlament: Allianz fir ee komplette Stopp vun Energie aus Russland
6 min
Iwwer 660 Milliounen Euro ginn all Dag aus der EU u Russland iwwerwisen, fir de Gas ze bezuelen, dee vun do aus an d'Länner vun der Europäescher Unioun geliwwert gëtt. Wann d'EU wëllt domat ophalen, de russesche Krich an der Ukrain matzefinanzéieren - dierf kee Gas, kee Pëtrol an och keng Kuel méi aus Russland importéiert ginn, ass dowéinst eng Fuerderung, déi den ukrainesche President Wolodymir Zelenski net midd gëtt, ze widderhuelen.
Där Meenung sinn och grouss Deeler vum Europaparlament. Eng Allianz aus blo-rout-gréngen Europadeputéiert wëllt elo den Drock erhéijen. Aus dem Europaparlament zu Stroossbuerg mellt sech d'Danièle Weber.