Album vun der Woch
Rosalía - Motomami
8 min
Fir déi spuenesch-sproocheg Communautéiten ass d'Rosalía scho laang keen onbeschriwwent Blat méi. Op dem Debut-Album "Los Angeles" vun 2017 covert si - just vun enger Gittar begleet - traditionell "cantes", Flamenco-Lidder. Den zweeten Album "El Mal Querer" vun 2018 markéiert den Iwwergang zu méi zäitgenësseschen Téin an domat och den internationale Duerchbroch. Trotzdeem séngt d'Rosalia bis haut exklusiv op Spuenesch. Op hirer neier Plack "Motomami" verbënnt si de Flamenco mat méi experimentelle Genrë wéi dem Reggaeton an dem Avantgarde-Electro. D'Vicky Stoll ass begeeschtert.