arrow_back_ios
Klassik aktuell
Wa Bléiser sangen
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
E Sonndeg, 17. Abrëll steet deen zweete Concert vum Orchestre National des Jeunes du Luxembourg, kuerz ONJ, zu Miersch am Kulturhaus op der Affiche. Wärend bei verschiddene Prouwen de vollen Orchester spillt, gëtt den Ensembel bei aneren opgedeelt, fir mat Spezialiste kënnen um Ensembelklang ze schaffen.
De Luc Boentges war bei esou enger gespléckter Prouf dobäi an huet niewent dem Übe vun de richtegen Nouten och eng méi ongewéinlech Method héieren.