De Krich an der Ukrain rifft bei ville d'Panik vum eidele Regal an d'Angscht virun engem kritesche Manktem ervir. Mee ass d'Situatioun wierklech esou dramatesch, wéi esou muncher een dat denkt? Dem Georges Eischen, ee vun den dräi Associé-Gérante vun der Provençale, seng Äntwert ass kloer: "Nee".
An hien huet dem Vesna Andonovic erkläert, firwat hien dat denkt - trotz kuerzfristegen Engpäss.