An der Ukrain gi sech weider haart Gefechter am Oste vum Land erwaart. Dausende Zivilisten an der Ukrain an Zaldoten op béide Säiten si scho wärend dësem Krich tëschent Russland an der Ukrain gestuerwen. D'Spideeler si voll mat Blesséierten. Well ee sech elo op e laange Krich astellt, mussen och d'Dokteren an der Ukrain nei forméiert ginn. Blessuren, déi am moderne Krich méi heefeg sinn, mussen traitéiert ginn.
Fir d'Formatioun vun den Dokteren an der Ukrain ass en Dokter vu Metz responsabel. Den Dokter Rapheal Pitti ass Expert an der Krichsmedezin an huet och schonn a Syrien Infrastrukturen opgebaut fir Dokteren op déi schlëmmst Verletzunge virzebereeden.
Eise Korrespondent Philip Crowther huet deen 72-Joer alen Dokter aus der Grenzregioun getraff, zu Lviv, am Weste vun der Ukrain.