E blo-giele Fändel hänkt op der Nummer 48 an der Rue des Romains. Aus dem geplangte Jugendhaus huet d'Gemeng do an Zäit vun zwee Deeg eng Plaz gemaach, wou déi aus der Ukrain Geflücht sech kënnen zesummefannen, mee och lues zesummen nei Wuerzelen zu Lëtzebuerg schloen. Op dësem sonnegen Nomëtteg ass fir d'Kanner Bastelen ugesot: mat Fangerspëtzegefill, Faarf a Freed sollen aus de klenge Klompe Leem konterbont Péckvillercher ginn.
D'Vesna Andonovic huet sech op der Plaz ëmgekuckt.