Klassik aktuell
"Den ICMA-Präis ass d'Kiischt um Kuch"
6 min
Muer den Owend (21.4.2022) spillt de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg de Gala-Concert vun den International Classical Music Awards (ICMA). Et ass e Marathon-Programm mat ville Solisten, mat fënnef Dirigenten a mat Musek, déi vum Barock bis an d'21. Joerhonnert geet. Fir d'Museker vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ass dat eng grouss Erausfuerderung, awer och eng grouss Satisfaktioun, well den Orchester mat sengem Album mat Wierker vum Francisco Coll de Präis fir déi bescht Produktioun 2022 kritt.
De Guy Engels huet sech mam Haoxing Liang (op der Foto), dem Konzertmeeschter vum OPL, iwwer de Concert an d'Auszeechnung fir den Orchester ënnerhalen.