Klassik aktuell
Eng Vitrinn fir d'Lëtzebuerger Musekszeen
8 min
D'International Classical Music Awards sinn e Jury aus Fachjournalisten vu Printmedien, Onlinepublikatiounen a Radioen, deen all Joer déi bescht Audio- a Videoproduktiounen auszeechent. 377 Produktiounen ware fir 2022 nominéiert ginn, dorënner och eng Rëtsch Opnamen vu Lëtzebuerger Museker an Ensembelen.
Haut den Owend ginn d'Gewënner an den eenzele Kategorien ausgezeechent - dorënner och de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, deen de Gala-Concert spillt. De radio 100,7 iwwerdréit vun 8 Auer un live aus der Philharmonie. De Simon Larosche huet sech mam Guy Engels, Member am Jury fir de radio 100,7 vun den International Classical Music Awards, ennerhalen.