Al Schanken
Al Schanken
60 min
Derbäi gewiescht - an awer net grouss erauskomm: dat kann de schottesche Gittarist a Sänger Miller Anderson vu sengem Optrëtt um legendäre Woodstock Festival am August 1969 behaapten. Hie war deemools Member vun der brittescher Keef Hartley Band, déi do am spéide Samschdegnomëtteg opgetrueden ass ... an där hir Show weder um offiziellen Album nach am Film zeréckbehale gouf: de Bandmanagement hat heifir keen OK ginn. Domm gaangen!
Éier hien ënner eegenem Numm a mat eegener Band produzéiert huet, war den Anderson ë. a. Gittarist bei Savoy Brown (1974, um exzellenten Album "Boogie Brothers'), de Marc Bolan huet hien zwee Joer duerno fir den T. Rex-Album "Dandy In The Underworld' engagéiert, weider Statioune waren d'Spencer Davis Group, Chicken Shack a Mountain.
D'Playlist:
CCS - The Band Played Boogie (The Best Band In The Land, 1970)
Aretha Franklin - Jumpin' Jack Flash (OST Jumpin' Jack Flash, 1986)
Santana - Well Allright (Inner Secrets, 1978)
Robben Ford - Keep On Running (Keep On Running, 2003)
T.Rex - Ride A White Swan (single, 1970)
Nick Cave - Cosmic Dancer (Angelheaded Hipster, 2020)
Thunderclap Newman - Something In The Air (single, 1969)
Miller Anderson Band - High Tide And High Water live (Rockpalast, 2010)
Miller Anderson - City Blues live (Rockplast 2010)
Thunder - Gimme Shelter (Laughing On Judgement Day, 2009)
Snake Head Ritual - Tell Me (Snake Head Ritual, 2013)
Rise Against - Fortunate Son (Nowhere Sessions EP, 2021)
The Beatles - Get Back (single, 1969)