Wie scho mol do war, weess, de Mëllerdall ass eng ganz besonnesch Landschaft. Dat huet elo och d'Unesco unerkannt an den 13. Abrëll dem Natur- a Geopark-Mëllerdall am zweeten Ulaf de Label Unesco Global Geopark ginn. Domat ass d'Mëllerdall elo Deel vun engem weltwäiten Netzwierk vun 177 exzeptionelle Sitten a 46 Länner.
D'Vesna Andonovic huet sech op der Plaz ëmgekuckt.