arrow_back_ios
Kannerkëscht
Eraus an d'Natur an dann observéieren
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
Iwwer dräi Millioune Specimenen a wierbellos Déieren, iwwer 100.000 Planzebeleeger, 40.000 Fossilien an 31.000 Mineralien fënnt een an de Sammlunge vum natur musée. Dat ass ganz vill fir esou e klengt Land. Hautdesdaags ginn awer net nëmmen materiell Objete gesammelt, mee och Donnéeën ginn observéiert. Mee wat heescht dat dann, déi Donnéeë gi gesammelt? De Paul Braun ass Digital Curator an hien erkläert, firwat esou Donnéeë gesammelt ginn.