"La Chambre a le droit d'accuser les membres du Gouvernement": ëm dëse Saz aus der aktueller Verfassung geet de Moment vill rieds beim aktuelle Stand vun der Affär Gaardenhaischen an no der Demissioun vun der Ministerin Carole Dieschbourg.
Der Meenung vum Verfassungsjurist Luc Heuschling no wier de juristesche Kader vis-à-vis vu ville Prinzippien "total skandaléis". Senger Meenung no geet et virun allem ëm d'Fro, ob Politiker wéi all normale Bierger dem Strofrecht an der strofrechtlecher Prozedur ënnerluecht sinn oder net?
De Serge Kesseler huet mam Professer fir Verfassungsrecht op der Uni Lëtzebuerg Luc Heuschling geschwat.