Klassik aktuell
Oper an Hollywood
8 min
Wéi den Erich Wolfgang Korngold 1957 stierft, war hien als Komponist bal vergiess. E Comeback an déi symphonesch Musek war him net méi geroden, ze staark goufen de Korngold a seng Musek antëscht mat Hollywood identifizéiert. Den Erich Wolfgang Korngold hat et ni einfach. Als Wonnerkand gouf hie skeptesch bekuckt, vun den Nazien als Judd verfollegt an am amerikaneschen Exil mat senger Aarbecht fir de Film vun der Avantgarde lénks leie gelooss. Den Erich Wolfgang Korngold ass eise Komponist vum Mount Mee - hie koum den 29. Mee 1897 zu Brünn op d'Welt.