arrow_back_ios
Europa Aktuell
EU-Parlament wëllt trans-national Wallëschten
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
De Walziedel bei den Europa-Wale kéint an Zukunft anescht ausgesinn. Nieft den normale Lëschte vun den nationale Kandidate kéinten dorop och transnational Lëschte stoen. Aus deene Lëschte géinge d'Wieler 28 weider Membere vum Europaparlament wielen. Si kéimen bei déi 705 Deputéiert, déi den Ament am Europaparlament sëtzen, derbäi. D'Propos ass ëmstridden, 2015 ass de Versuch esou transnational Lëschte mat Kandidaten opzestellen schonn eng Kéier schif gaangen. Explikatioune vum Danièle Weber