Al Schanken
Al Schanken
60 min
"I'm a Man" ass eng gemeinsam Kompositioun vum Steve Winwood - deemools, 1967, Keyboarder a Sänger bei der brittescher Spencer Davis Group - an dem amerikanesche Produzent Jimmy Miller, deen a senger Karriär ë. a. fir d'Rolling Stones, Spooky Tooth, Motorhead, Traffic, Primal Scream an den Johnny Thunders geschafft huet.
Chicago huet den Titel zwee Joer méi spéit gecovered. D'Band huet 1969 dee nach méi laangen Numm "Chicago Transit Authority" gedroen. Si huet d'Rockelementer vum Original mat jazzege Bléiser vermëscht, vill Perkussiounen derbäigesat an d'Kompositioun vun dräi op wäit iwwer siwe Minutte verlängert. Ze fannen ass de Song op hirem Debut-Duebelalbum, dee just de Bandnumm dréit.
D'Grupp gëtt bis haut, mam Robert Lamm (Keyboards, Gesang), Lee Loughnane (Trompett) an James Pankow (Trombonn) sinn nach dräi vun de sechs Grënnungsmemberen aktiv.
D'Playlist:
Oasis - Supersonic (Definitely Maybe, 1994)
Black Crowes - My Morning Song (The Southern Harmony And Musical Companion, 1992)
The Cure - A Letter To Elise (Wish, 1992)
R.E.M. - Try Not To Breathe (Automatic For ThePpeople, 1992)
Chicago Transit Authority - I'm A Man (Chicago Transit Authority, 1969)
The Doors - The Changeling (L.A. Woman, 1970)
Mott The Hoople - All The Young Dudes (All The Young Dudes, 1972)
Golden Earring - Twilight Zone live (Something Heavy Going Down, 1984)
Golden Earring - Radar Love live (Something Heavy Going Down, 1984)
Thin Lizzy - Johnny The Fox Meets Jimmy The Weed (Johnny The Fox, 1976)