Kannerkëscht
Science Prank mat enger Waasserfläsch
8 min
Salut Kanner! Éier mer bei eis Experiment kommen wëll ech iech nach dëst mat op de Wee ginn. Haut ass de 7 Mee a moar dann an der logescher Suite de 8 Mee. Abee den 8 Mee ass den Dag wou all Joers un d'Enn vum zweete Weltkrich geduecht gëtt, well den zweete Weltkrich ass den 8 Mee 1945 op en Enn gaangen.
Den zweete Weltkrich ass wuel mat ee vun de schrecklechste Evenementer dat mer op der Welt haten, a Schold dorunner war een Mann, an zwar den Adolf Hitler. Den Hitler huet mat senger Arméi den 1 September 1939 Polen iwwerfall an dat war den Ufank vum zweete Weltkrich.
Am Juni 1944 sinn déi alliéiert Truppen, dat sinn ënnert anerem Zaldoten aus den USA, England a Kanada an der Normandie am Frankräich mat hire Schëffe ukomm an hunn dunn nach ee Joer gebraucht bis datt se géint déi däitsch Arméi gewonnen hunn. Deen Dag wou d'Zaldoten an der Normandie ukoumen, de 6 Juni 1944 gëtt och den D-Day genannt, vläicht hutt der dat schonn héieren.
Den 30 Abrëll 1945 huet den Hitler sech ëmbruecht, an den 8 Mee 1945 war dunn déi komplett Kapitulatioun, datt heescht déi däitsch Zaldoten hunn hir Waffen ofginn, an de Krich war eriwwer.
Fir ganz vill Länner war den zweete Weltkrich ganz schrecklech an et war och e ganz mäerderesche Krich well et sinn ëm déi 55 Milliounen Mënschen ëmt Liewen komm. A vill Länner an Europa waren zum Deel zerstéiert. Mä wéi gesot war den 8 Mee 1945, moar sinn dat schonn 77 Joer hir, d'Enn vum zweete Weltkrich. Et huet ee gehofft datt esou eppes net méi géif virkommen, mä den Ament hu mer jo déi traureg Realitéit mam Krich an der Ukraine.
Elo dann awer bei Experiment vun haut an d'Michèle Weber vum science.lu an de Jean Claude Majerus si schonn prett fir un ze fänken. Et geet ëm eng Waasserfläsch an firwat Waasser eraus leeft, awer och firwat Waasser net eraus leeft. A wann ech dat richteg mat kritt hunn d'Michèle an de Jean Claude haut wëlles eng ze stiichten.
Hei ass de Link vun dësem Experiment: https://www.tiktok.com/@science.lu/video/6968374319969766662?is_copy_url=1&is_from_webapp=v1