arrow_back_ios

Kannerkëscht

100komma7.lu / Kannerkëscht

/ Kal a waarm Waasser iwwertenee stellen

Kal a waarm Waasser iwwertenee stellen

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

7 min

Salut am Kannereck um Radio 100,7. Et weess net wéi dat bei iech ass a war, mä als Kand do gouf et esou e Rendezvous op Televisioun wou doheem ëmmer mat der ganzer Famill gekuckt gouf. An dat war Joer fir Joer d'Final vum Grand Prix d'Eurovision de la Chanson, haut heescht dee Gesangsconcours Eurovision Song Contest oder kuerz ESC. Vläicht wäerten är Elteren datt och den Owend maachen, well haut den Owend ass d'Final vum Eurovision Song Contest 2022 zu Turin


Dëse internationale Gesangsconcours, dee wéi gesot, fréier Grand Prix d'Eurovison de la chanson geheescht huet, gëtt schonn zanter 1956 all Joers organiséiert gëtt, dat heescht schonn iwwer 65 Joer, mat just enger Ausnam dat war 2020 a kloer Schold dodrun hat de Corona-Virus. Bei dësem Concours kënnen all Länner mat maachen déi Member vun der EBU sinn, datt ass e Veräin wou d'Radioen aus Europa zesumme dra sinn, mat och e puer Länner baussent Europa, wéi Israel, Libanon, Marroko oder och Australien.


Normalerweis gëtt de Concours an deem Land organiséiert, dat de Grand Prix am Joer virdru gewonnen huet. An d'lescht Joer huet d'Rockmusker vun "Maneskin"aus Italien d'ESC-Final zu Rotterdam gewonnen, a dofir ass d'Final haut den Owend an der italienescher Stad Turin.


Lëtzebuerg huet am ganzen 37 Mol beim Eurovision Song Conest matgemaach an de Grand Prix am Ganze fënnefmol gewonnen. Eist Land läit domat op der drëtter Plaz an der Lëscht vun de Gewënner, zesumme mat Frankräich a Groussbritannien. Déi mécht Victoiren beim ESC huet Irland, si hu 7 Mol gewonnen, dono kënnt Schweden mat 6 Victoiren D'Gewënner fir Lëtzebuerg waren de Jean Claude Pascal, d'France Gall, d'Vicky Leandros, d'Anne Marie David an d'Corinne Hermes. Déi lescht Kéier huet Lëtzebuerg 1993 bei der Eurovisoun matgemaach, deemools mat Jimmy Martin an dem Simone Weis als Duo "Modern Times". An zanter ass Lëtzebuerg leider net méi derbäi.


Esou lo wësst der ëm wat et beim ESC geet.


Dann bei eist Experiment vun dëser Woch mam Michèle. Wann een zu Iech géif soen kommen mer stllen kal a waarm Waasser iwwerteneen, ech mengen da géif der bestëmmt de Kapp rëselen. MA genee dorëms geet et awer bei eisen Experiment, an d'Michèle Weber erkläert dem Jean Claude Majerus elo direkt ëm wat et geet.


Hei dann nach de Link vum Experiment: https://www.tiktok.com/@science.lu/video/7005551434116713733?is_copy_url=1&is_from_webapp=v1

Episoden

De Jos an den Tatzelwuerm

De Jos an den Tatzelwuerm

Fir de Jos, eise léiwe Lausbouf ass elo Fuesvakanz. Normalerweis ginn hien a seng Schwëster Nora net an d'Schivakanz, mee dëst Joer fuere si mat der Nonna an dem Bopa an d'Schwäiz an de Schnéi.
headphones

55 min

play_arrow
Episod 6: Schnipp Schnapp!

Episod 6: Schnipp Schnapp!

Dem Derrick seng Stëbsallergie ass besonnesch schlëmm. Duerfir muss e geschuer ginn. Mee ass en elo iwwerhaapt nach e luussegt, muussegt Monster ouni wujelege Pelz?
headphones

7 min

play_arrow
Episod 5: Eng Strëmp

Episod 5: Eng Strëmp

Den Derrick fënnt eng eenzel Strëmp an déi dräi luusseg, muusseg Monsteren iwwerleeën, ob dat net vläicht e Portal fir an eng aner Welt kéint ginn. Vläicht ass dat hir Chance, fir an de Frigo ze kommen?
headphones

7 min

play_arrow
Episod 4: Et gëtt gekacht!

Episod 4: Et gëtt gekacht!

Den Derrick ass en exzellente Kach. Seng Spezialitéit ass Hakabullibräi à la Derrick. Domadder kann ee besonnesch gutt knätschen an et kritt een esou schéi brong, gréng a knalleg orange Zänn.
headphones

5 min

play_arrow
Epsiod 3: Dinosaurier

Epsiod 3: Dinosaurier

Viru ganz ville Jore gouf et och scho Monsteren. Déi hunn Dinosaurier geheescht an déi gëtt et net méi, well e grousse Steen op d'Äerd gefall ass. Mee se sinn elo zeréck komm fir eis kleng Monsteren ze erféieren?
headphones

8 min

play_arrow
Episod 2: Grujeleg

Episod 2: Grujeleg

Wat brauch een alles fir richteg grujeleg ze sinn? Et muss ee sech gutt virbereden. Dat ass kloer! Do ass keng Zäit, fir ze schlofen.
headphones

7 min

play_arrow
Episod 1: Dräi luusseg, muusseg Monsteren

Episod 1: Dräi luusseg, muusseg Monsteren

Ënner dem grousse Bett am Bopa sengem klengen Zëmmer, uewen am klengen Haus wunnen dräi droleg Gestalten: den Derrick, de Pluto an d'Tippy. Si dreemen dovunner, engem Mënsch eng Kéier eng richteg Héngerhaut ze verpassen.
headphones

9 min

play_arrow
De Mukami an d'Bierger

De Mukami an d'Bierger

Eng nei Lauschtergeschicht mam Mukami vun der Anja Di Bartolomeo
headphones

39 min

play_arrow
Den Emil an de Frutz: E Kannerbuch an eng Lauschtergeschicht

Den Emil an de Frutz: E Kannerbuch an eng Lauschtergeschicht

Eng nei Lauschtergeschicht vum Claude Zeimes
headphones

9 min

play_arrow
Kann ee mat Téin e Glas zersprangen dinn?

Kann ee mat Téin e Glas zersprangen dinn?

headphones

5 min

play_arrow
Musek ass Gefill an dofir beréiert Musek

Musek ass Gefill an dofir beréiert Musek

headphones

5 min

play_arrow
Eng Nuecht an der Philharmonie

Eng Nuecht an der Philharmonie

headphones

30 min

play_arrow
De Rigoletto Vodoo-Zauber

De Rigoletto Vodoo-Zauber

headphones

24 min

play_arrow
Dem Luthier iwwer d’Schëller gekuckt

Dem Luthier iwwer d’Schëller gekuckt

headphones

6 min

play_arrow
D’Eloisa a seng Gei

D’Eloisa a seng Gei

headphones

5 min

play_arrow
Musek maachen op enger Schalimosflütt

Musek maachen op enger Schalimosflütt

headphones

5 min

play_arrow
Mir fabrizéieren eng Knupptut

Mir fabrizéieren eng Knupptut

headphones

6 min

play_arrow
E Besuch bei de Lëtzebuerger Philharmoniker

E Besuch bei de Lëtzebuerger Philharmoniker

headphones

5 min

play_arrow
De Kannerradionuechtsong 2025 “Nach en Dag” vum luk.

De Kannerradionuechtsong 2025 “Nach en Dag” vum luk.

headphones

7 min

play_arrow
E Fest am Wanterbësch

E Fest am Wanterbësch

headphones

11 min

play_arrow