arrow_back_ios
Klassik aktuell
E Bléiserquintett mat Spaass un Neiem
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Haut den Owend (17.5.2022) spillen d'Solistes Européens, Luxembourg zesumme mam Acelga-Quintett an der Philharmonie. Et ass eng aussergewéinlech Konstellatioun: Symphonieorchester plus Bléiserquintett, an duerfir gëtt et och eng Raritéit ze héieren - e Konzertstück vum Julius Rietz mam Ënnertitel "Idyllische Szene". D'Wierk huet an deene leschte Joren eng kleng Renaissance gefeiert an elo och de Wee an de Repertoire vum Acelga-Quintett mat der Lëtzebuerger Cornistin Amanda Kleinbart fonnt.