Klassik aktuell
Cage fir Kanner
7 min
Bei engem Concert fir Kanner denkt ee séier un déi grouss Klassiker, wéi d'"Zauberflöte" vum Wolfgang Amadeus Mozart, de "Karneval der Tiere" vum Camille Saint-Saëns oder och nach de "Pier an de Wollef" vum Sergei Prokofjev. Datt och dem Avant-Gardist John Cage seng Musek dofir interessant ka sinn, dovun ass een an der Tufa zu Tréier iwwerzeegt. Do steet e Sonndeg (22.05.) nämlech eng Opféierung mam Titel "Cage für Kinder" um Programm.
An tatsächlech schéngt den John Cage e Komponist mat den Ae vun engem Kand gewiescht ze sinn. Wéi genee, ënner anerem doriwwer huet de Luc Boentges mat de Musekerinnen Ji-Young Song a Christine Weghoff geschwat.