Al Schanken
Al Schanken
60 min
Den ex-Beatle George Harrison an den indesche Museker Ravi Shankar hunn den 1. August 1971 am New Yorker Madison Square Garden de "Concert for Bangla Desh" op d'Bee gestallt: e Benefice-Event an zwee Deeler, mëttes eng Sessioun an owes eng, den Erléis wäert un d'Refugiéeën goen, déi am extreem bluddege Konflikt gelidden hunn, deen zur Grënnung vum Staat Bangla Desh geféiert huet. Eng 40.000 Leit hunn déi zwee Concerte besicht an direkt iwwer 240.000 Dollar an der Keess gelooss.
Invitéë vum Duo Harrison/Shankar waren ë. a. Bob Dylan, Eric Clapton, Ringo Starr, Klaus Voormann, Billy Preston, d'Band Badfinger an de Leon Russell plus ganz vill Museker, déi mat dësen Topleit zesummegespillt hunn ... déi zwee Optrëtter koumen als dräifach Album - produzéiert vum George Harrison an dem Phil Spector - an als Film eraus. 1985 war e provisoresche Bilan gemaach ginn, wat u Recetten an Donen erakomm war bis dohinner, dat waren eng 12 Milliounen Dollar.
D'Playlist vun haut:
The Who - Let's See Action (single,1971)
Stretch - Jonah And The Whale (Lifeblood, 1980)
L.A.Guns - Hurdy Gurdy Man (Rips The Covers Off, 2004)
Garland Jeffreys - Waiting For The Man (14 Steps To Harlem, 2017)
Ruthie Forster - Long Time Gone (Let It Burn, 2012)
Ida Sand - Don't Let It Bring You Down (Young At Heart, 2015)
Bob Dylan - Thunder On The Mountain (Modern Times, 2006)
George Harrison & Eric Clapton - While My Guitar Gently Weeps live (The Concert For Bangla Desh, 1971)
George Harrison & Leon Russell - Beware Of Darkness live (The Concert For Bangla Desh, 1971)
George Harrison & Friends - Bangla Desh live (The Concert For Bangla Desh, 1971)
Canned Heat - Going Up The Country (Living The Blues, 1968)
The Rolling Stones - Doo Doo Doo Doo Doo Heartbreaker (Goats Head Soup, 1973)
CPR - Rusty And Blue (CPR, 1998)