Kannerkëscht
Vill Sproochen maachen d'Welt intressant.
5 min
Zäit fir den Kannereck haut um Dënschdeg, matten an der Päischtvakanz. De Sujet deen de Jean Claude Majerus sech fir haut eraus gesicht huet sinn d'Sproochen. Eng Sprooch kann een am Fong esou erklären: Eng Sprooch erlaabt engem Mënschen ze schwätzen an och sech iwwert d'Sprooch aus ze drécken, an ënnert anerem seng Gefiller a Gedanken mat ze deelen.
Wa mer elo géifen d'Lëscht vun de Sproochen huelen, déi op der Welt am meeschte geschwat ginn, dat heescht Mënschen déi eng Sprooch entweder als Mammesprooch, oder als Zweet- an Drëttsprooch hunn, da läit mat ronn 1, 2 Milliarden Mënschen d'Englescht op Plaz eent. Dono kënnt da Madarin-Chinesesch mat 1,1 Milliarde Mënschen déi et schwätzen, an op Plaz dräi läit Sprooch Hindi mat 637 Milliounen Mënschen. Dono kommen der Rei Spuenesch, Franséisch an Arabesch.
Mä ëm déi Sproochen déi vun esou ville Mënsche geschwat geet et dem Jean Claude Majerus am Fong net. Loosse mer et emol esou soen, et ass jo esou, datt d'Déierenzorten op der Welt am gaangen sinn of ze huelen, datt heescht et sinn Déierenaarten déi ausstierwen. Doriwwer huet ee jo scho vill héieren a geliest. Mä och am Kontext vun de Sproochen kann ee sech esou Gedanke maachen, well fir d'Sproochen zielt dat selwecht wéi fir d'Déieren. Et si Sproochen déi einfach ausstierwen, dozou elo méi vum Jean Claude Majerus