Klassik aktuell
Musikalesch Brécken tëschent dem Orient an dem Weste bauen
8 min
Et ass ee vun de gréisste klassesche Museksfestivaller an Däitschland, an et gëtt e schonn zanter 1989. Déi dësjäreg Editioun vun de Musikfestspiele Saar fänkt iwwermuer Sonndeg (22.05.) un - dat ënner dem Motto "Orientations - Orientierung". Nieft engem Concert vun der Lëtzebuerger Militärmusek trieden och vill aner international Ensembelen a Museker beim Festival op - dat op verschiddenen a spannende Locations am Saarland, a mat véier Concerten zu Paräis.
D'Marie Schockmel huet sech mam Bernhard Leonardy, dem Intendant a kënschtlereschen Direkter, an der Eva Karolina Behr, der kënschtlerescher Projet-Leederin an Dramaturgin, ënnerhalen.