Al Schanken
Al Schanken
60 min
De Bill Withers (4. Juli 1938 - 30. Mäerz 2020) gëlt als typesche Vertrieder vum méi rouege Soul - mat dem Welthit "Ain't No Sunshine' ass hien zanter 1971 an iwwert säin Doud eraus an aller Ouer. D'Lidd zielt zu deenen am meeschte gecoverte Lidder vu sengem Genre a gouf mat engem Grammy ausgezeechent.
Weider Erfolleger vum Bill Withers sinn 'Lovely Day' "Lean On Me' (Grammy 1988), 'Use Me' oder och dat mam Saxophonist Grover Washington Jr. produzéiert 'Just The Two Of Us'(Grammy 1982). De Dokumentarfilm 'Still Bill' vun 2009 erzielt d'Geschicht vum schwaarze Sänger a Komponist, d'Wierk ass no sengem zweeten Album benannt.
Et gëtt just 1 offizielle Live-Release vum Bill Withers: "Live At Carnegie Hall', opgeholl zu New York am Oktober 1972.
D'Playlist vun haut:
Ann Peebles - 99 Pound (Straight From The Heart, 1972)
The Temptations - Plastic Man (Masterpiece, 1973)
Billy Thorpe - Back On The Streets Again (Billion Dollar Bill, 1975)
Johnny 'Guitar' Watson - Gangster Of Love (single, 1978)
Paul Rodgers - I Thank You (The Royal Sessions, 2014)
Mother's Finest - Baby Love (Another Mother Further, 1977)
Otis Redding - Respect (Live At The Whisky A Gogo, 1968)
Otis Redding - I've Been Loving You Too Long (Live At The Whisky A Gogo, 1968)
Otis Redding - Can't Turn You Loose (Live At The Whisky A Gogo, 1968)
Bill Withers - Better Off Dead (Live At Carnegie Hall, 1973)
Bill Withers - World Keeps Going Round (Live At Carnegie Hall, 1973)
Rare Earth - I Know I'm Losing You (Ecology, 1970)
Pywackett - Turn On To Life (single, 1974)