Kannerkëscht
En natierelchen Hygrometer
6 min
Salut Kanner, et geet awer séier, elo ass déi lescht Vakanz virun der grouss schonn esou gutt wéi eriwwer. E Méindeg geet Schoul erëm un, sou ze soen déi lescht Ligne droite virun der Summervakanz. Mer wënschen Iech fir déi lescht Wochen vun dësem Schouljoer nawell vill Asaz a Courage.
Der hutt bestëmmt schonn eppes iwwert Loftfiichtegkeet héieren, et gi jo vill Länner op der Welt, wéi zum Beispill an Asien, wou eng immens héich Loftfiichtegkeet ass. A wann der schonn mat Leit geschwat déi do an der Vakanz waren, déi zielen jo ëmmer datt et esou extrem waarm, an dass dat duerch déi héich Loftfiichtegkeet nach vill méi desagreabel ass. Wa mer vu Loftfiichtegkeet schwätzen da menge mer am Fong den Undeel vu Waasserdamp am Gasgemësch vun der Loft. Dat heescht datt flëssegt Waasser, wéi Reendrëpsen oder Niwwel oder och Äis, wéi Schnéikristaller net bei d'Loftfiichtegkeet gerechent ginn an d'Loftfiichtegkeet gëtt an Prozent ausgedréckt.
Mä wéi kann een dann Loftfiichtegkeet moossen? Dofir ginn et Apparater déi een Hygrometer nennt, deen Numm setzt aus dem griicheschen Wuert "hygros" fir Fiicht an "métron" fir Mooss zesummen.
Mä elo huet een jo net ëmmer esou en Apparat bei sech sech, an da si mer beim Experiment vun haut ukomm, well de Joseph Rodesch an de Jean Claude Majerus erklären iech haut wéi een an der Natur dobaussen e ganz natierlech Hygrometer fënnt, a wéi een domat d'Loftfiichtegkeet moosst.
AN hei de Link fir dëst Experiment: https://www.science.lu/de/wettervorhersage/was-ein-kiefernzapfen-ueber-das-wetter-sagen-kann