arrow_back_ios
Klassik aktuell
E Friddensappell
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
"Coventrieren" war am Zweete Weltkrich am Sproochgebrauch vun der Wehrmacht Synonym fir déi komplett Zerstéierung vu Stied - besonnesch an England. De 14. November 1940 huet déi däitsch Aviatioun d'Stad Coventry massiv bombardéiert - dobäi ass och d'Kathedral quasi komplett zerstéiert ginn. D'Ruine sinn als Erënnerungsgaart erhale ginn, an 1956 gouf de Grondstee fir eng nei Kathedral geluecht. D'Aweiung war den 30. Mee 1962 mat der Uropféierung vum Benjamin Britten sengem War Requiem.